Indonesien huet seng nei Haaptstad ageweit

Indonesesch Militärparad zu Nusantara / © AFP
Déi indonesesch Haaptstad Jakarta ass iwwerlaascht. Déi geplangt nei Haaptstad Nusantara soll eng gréng Alternativ bidden.
Um indoneseschen Nationalfeierdag huet d'Land mat der véierthéchster Bevëlkerung vun der Welt seng nei – a rezent gebauten - Haaptstad ageweit. Nusantara op der Insel Borneo ass e grousse Chantier, ma d'Regierung wäert an Zukunft hir Aktivitéite vun der Insel aus ausféieren.
Néideg gouf de Wiessel vun der Haaptstad, well déi aktuell Haaptstad Jakarta all Joer ëm e puer Zentimeter weider an d'Mier asackt. Donieft ass Jakarta och iwwerlaascht a leit ënner Stauen a Smog. Déi geplangt nei Haaptstad soll eng gréng Alternativ bidden. Ma villes leeft net wéi geplangt. U sech waren 8.000 Gäscht fir d'Feierlechkeeten invitéiert. E groussen Deel war an de leschten Deeg awer nees ausgeluede ginn.
Esou vill Mënsche kéinten den Ament nach net mat Liewensmëttel versuergt ginn, et géif u Méiglechkeete feelen, fir do ze iwwernuechten, an och den Transport wier nach net fir esou vill Leit ausgeluecht, sou d'Begrënnung vum indonesesche President Joko Widodo.

© AFP
De President hat virun e puer Deeg awer schonn a sengem neie Palais iwwernuecht. Dësen huet d'Form vun engem risegen Adler.
2045 soll déi nei Haaptstad fäerdeg sinn. Ronn zwou Millioune Leit sollen dann zu Nusantara liewen, enger Stad matten am Dschungel op der Insel Borneo. Et soll eng Stad vun der Zukunft sinn - mat kuerze Weeër, gréng an nohalteg.

© RTL-Grafik