D'"Eras"-Tour vum Taylor Swift geet lues a lues op en Enn

© AFP
Um Dënschdeg den Owend huet déi amerikanesch Sängerin hire leschte Concert an Europa gespillt. Elo geet et fir d'Taylor Swift op en anere Kontinent.
D'"Eras"-Tour huet fir Opmierksamkeet gesuergt. D'Fans hu sech méintelaang gefreet, hu stonnelaang virun de Stadie gewaart, fir déi beschte Plaz ze kréien, opwänneg Kleeder kaf oder selwer gemaach a wie bis dohin nach keng Cowboy-Stiwwelen hat, huet se sech spéitstens kuerz virum Concert zougeluecht.

Fans vum Taylor Swift zu Wien, nodeems de Concert ofgesot gouf. / © AFP
Am Mäerz 2024 huet d'Tour vun der US-Sängerin ugefaangen. Den 9.Mee ass d'"Eras"-Tour dunn an Europa, méi genee zu Paräis, lassgaangen. Méi wéi 50 Mol huet d'Taylor Swift iwwert déi lescht 4 Méint d'Stadien an Europa gefëllt, wou all Kéiers zéngdausende Fans zesummekomm sinn. Méi wéi 13 Milliounen US-Dollar soll d'Sängerin pro Concert verdéngen. Dobäi waren d'Präisser fir d'Ticketen an Europa nach räsonabel (tëscht 100 an 800 Euro), wann een et mat de Präisser an den USA vergläicht (fänkt bei ronn 2.000 US-Dollar un).
Hire leschte Concert an Europa huet d'Taylor Swift, déi bekannt dofir ass, Lidder iwwert hir gescheitert Bezéiungen ze schreiwen, um Dënschdeg den Owend zu Lissabon gespillt. An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet si iwwerdeems en neie Video zum Lidd "I can do it with a broken heart" publizéiert. De Video gouf zesummegesat aus Bildmaterial vun hire Concerten. Wien d'Tour an Europa verpasst huet, kritt hei also eng Iddi, wéi d'Concerten ausgesinn hunn.
Fir d'Taylor Swift geet et elo zeréck an d'USA. Den 8. Dezember 2024 geet d'Tour da mat engem Concert zu Vancouver a Kanada op en Enn.