Nodeems seng Fra an engem Restaurant vum Park verstuerwen ass, wollt e Wittmann Disney verkloen. Déi hu sech gewiert.

Am Oktober 2023 ass eng 42 Joer al Fra duerch en allergesche Schock gestuerwen, nodeems si an engem Restaurant am Disney-Park zu Orlando giess huet. Doropshi wollt de Wittmann Disney verkloen. Hien huet méi wéi 50.000 Dollar vun Disney gefuerdert. Et hätt een am Restaurant e puer Mol op d'Allergie opmierksam gemaach.

Disney wollt déi Klo awer net op sech sëtze loossen an huet de Mann dorop opmierksam gemaach, dass hien am Joer 2019 e Mount laang de Streamingdéngscht Disney+ abonéiert hat an hei den allgemenge Geschäftsbedéngungen zougestëmmt huet. An dëse steet geschriwwen, dass all Notzer averstanen ass, all Fall mat Disney aussergeriichtlech ze klären.

Elo huet Disney agelenkt a léisst sech op de Prozess an. "Mir hunn decidéiert, op eist Recht vun engem Schiedsverfaren ze verzichten an d'Affär viru Geriicht ze verhandelen", sou e Spriecher.

An engem Bréif un d'Geriicht huet de Wittmann geschriwwen d'Virstellung vun Disney alles ausserhalb vum Geriicht ze klären, wier "onverschimmt, onvernënfteg an onfair".