Zweetgréissten Diamant vun der Welt fonnt

© AFP
An enger Diamanteminn am Nordoste vum Botswana gouf mat Hëllef vun enger Rëntgentechnologie en Diamant vun 2492 Karat fonnt.
Dëst huet d'Entreprise Lucara Diamond um Donneschdeg matgedeelt. De Wäert an d'Qualitéit vum Diamant wollten d'Experten net kommentéieren. Den Diamant sollt um Donneschdeg der Ëffentlechkeet presentéiert ginn. "Déi historesch Decouverte vun dësem Réidiamant, de wichtegsten zënter 120 Joer, ass faszinéierend", sou den Tobias Kormind, Responsabelen vum Online-Bijoutier 77 Diamonds.
De gréissten Diamant vun der Welt gouf iwwerdeems 1905 a Südafrika fonnt an huet 3106 Karat. Et goufen Deeler dovun fir déi brittesch Krounjuwele benotzt.
De Botswana ass eent vun de wichtegsten Diamantelänner vun der Welt. D'Diamanteminnen maachen 30 Prozent vum PIB an 80 Prozent vun den Exporter vum Land aus.