Bei enger Auktioun zu New York gouf e Sonndeg en Trikot vun der Baseball-Legend Babe Ruth fir iwwer 24 Milliounen US-Dollar versteet.

Hien hat den Trikot am Joer 1932 an der Finall vun de World Series selwer un. No senger Karriär hat hien den Trikot engem Golf-Frënd geschenkt. Éier en e Sonndeg versteet gouf, huet en dräimol de Besëtzer gewiesselt, woubäi de leschte Verkaf 2005 bei 940.000 Dollar louch.

Bis ewell war dat deierst Sport-Sammlerstéck eng ënnerschriwwe Sammelkaart, och vun engem Baseballer, dem Mickey Mantle, aus dem Joer 1952, déi fir 12.6 Milliounen Dollar ënnert den Hummer koum.