Grond ze feiere gouf et am Altersheem Elysis um Kierbierg.

Zesumme mat hire Léifsten an a Presenz vun ënnert anerem dem Familljeminister Max Hahn an der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, huet d'Madamm Magdolna Hansen-Gyenis hiren 100.Gebuertsdag gefeiert. Si ass de 24. August 1924 an Ungarn op d'Welt komm.

No hire Studien an der Schwäiz, wou se och hire Mann kennegeléiert huet, ass d'Rees weidergaange bis op Lëtzebuerg, méi genee op Veianen.