An der franséischer Stad Marseille kann ee sech d'Ausstellung "Naturist Paradises" ukucke goen. Eemol de Mount dierf ee souguer selwer plakeg duerchlafen.

Eng 80 Leit sinn där Offer nokomm an hu bei der Entrée vum Musée méi wéi nëmmen d'Jackett ausgedoen. Am Gebuertskostüm a just mat Schlappen oder Schong hu sech d'Visiteuren déi 600 Fotoen, Biller a Skulpturen iwwer d'Relatioun vun Europa zum naturistesche Liewensstil ugekuckt. Eppes un de Féiss war e Muss, awer just "fir Spläiteren ze verhënneren", sou een Naturist.

RTL

© AFP