1/3 vu Meedercher an 1/4 vu Jonge schütze sech beim Sex net mat Kondom

© UruphongK / Shutterstock
Eng WHO-Etüd huet sech mat der Sexualitéit bei Jonken auserneegesat. An de Constat, deen een an Europa feststellt, gëllt och fir de Grand-Duché.
Ee Véierel vun de Bouwen ass zu Lëtzebuerg mat 15 Joer sexuell aktiv. Bei de Meedercher sinn et an deem Alter 22 Prozent. Dat ass d’Resultat vun enger Etüd vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Domat läit Lëtzebuerg am internationale Verglach relativ virbäi. Just déi Jonk a Grönland, Finnland, Bulgarien, Island an Ungarn si sexuell méi aktiv, wéi déi zu Lëtzebuerg. Ma d'WHO warnt, déi Jonk géife sech ëmmer manner viru Krankheeten an ongewollte Schwangerschafte schützen. Eppes, wat déi Responsabel vum Planning familial och zu Lëtzebuerg observéieren.
Iwwer en Drëttel vun de Meedercher an ee Véierel vun de Jongen hei zu Lëtzebuerg hu sech, wéi si fir d'lescht Sex haten, dobäi net mat engem Kondom geschützt, hält d'WHO fest. D'Konsequenz dovun: Sexuell iwwerdrobar Krankheete verbreede sech méi, esou d'Presidentin vum Planning familial Ainhoa Achutegui.
"Wat am meeschten ze beobachten ass, ass Chlamydia an d'Gonorrhö, mä och ongewollt Schwangerschafte sinn an de leschte Joren extreem geklommen."
Zwee Drëttel vun de Meedercher zu Lëtzebuerg ware beim leschte Sex och net duerch eng Anti-Baby-Pëll geschützt. Bal d'Hallschent vun de Jongen huet uginn, datt keng Anti-Baby-Pëll am Spill war.
Ma wouru läit et, datt déi Jonk sech manner schützen? Ënnert anerem gi si manner wéinst AIDS sensibiliséiert wéi fréier, erkläert d'Presidentin vum Planning familial:
"HIV ass net méi en Doudesurteel, wéi et an deenen 90er-Jore war. Dat heescht, och déi Campagnen hu sech doduerch och reduzéiert, vun engem Point de vue de Santé publique."
Si seet, weltwäit géif et ëmmer méi staarke Géigewand géint d'Educatioun sexuelle et affective ginn, mee wat déi Jonk um Internet un Informatioune fannen, fir sech ze schützen, wier dacks falsch.
"An hei zu Lëtzebuerg, wat mir och hunn, ass datt net jiddereen, net all Jugendlechen, Zougang huet zu enger richteger Educatioun sexuelle et affective vu Profien an de Schoulen. Net all Kanner kréie si dann. An dat ass natierlech problematesch."
Dobäi kënnt, datt hei am Land net all Contraceptiounsmëttel gläich gestallt sinn, esou d'Ainhoa Achutegui.
"Dat ass natierlech keng Hëllef, hei hu mir e supert Gesetz iwwer de Remboursement vun der Contraceptioun, mee dee Preservatif ass net mat am Gesetz."
De Planning huet wéinst dëser Problematik d'lescht Joer eng d'Campagne Plan P lancéiert. Si soll dëst Joer widderholl ginn, fir déi Jonk nees fir Kondomer ze sensibiliséieren.