Vu 1790 un a wärend ronn 200 Joer hu vill Leit hiert Brout bei der Produktioun vu Schifer verdéngt.

Géint 1920, um Héichpunkt vun der Produktioun, hu 600 Mënschen op dësem Site geschafft. Haaptsächlech Daachleeë goufen hiergestallt. Wärend de Visite-guidéeë kréien d'Leit e flotten Abléck an eng schwéier Aarbecht aus dem 18. resp 19. Joerhonnert.
 
Al Atelieren, d'Villa vum Patron an ënnert anerem d'Aarbechterhaiser stinn hei zu Uewermaartel um Site. Ënnerierdesch gouf och geschafft. Zanter Oktober 2022 kann een als Visiteur eng 42 Meter an d'Déift kucke goen. 
 
Vun 2019 bis 2022 goufen an de Site vum Musée eng 10 Milliounen Euro investéiert, fir dës Plaz zougänglech fir d'Visiteuren ze maachen. 27.500 Leit si sech zejoert de Schifermusée ukucke komm.