Ëmmer nees warnt d'Police jo viru Bedruch bei eelere Persounen, déi dacks dozou bruecht ginn, Täter grouss Geldzommen erauszeginn.

An Nordrhein-Westfalen huet e Mann vun 80 Joer wéi et schéngt d'Spill séier duerchkuckt an de Spiiss ëmgedréit, wéi en 19 Joer ale Mann hien eraleeë wollt. De presuméierten Täter hat e Freideg säin eelert Affer ugeruff a sech als Mataarbechter vun enger Bank ausginn. Wärend dem Gespréich huet dësen dunn Informatioune vu Bankkaarten a Pin-Nummere gefrot.

Wéi de Mann den Trick bemierkt huet, huet dësen eng Enveloppe viru senger Hausdier preparéiert. Wéi den 19 Joer alen Täter dës siche komm ass an dono bei eng Bushaltestell goe wollt, huet d'Affer him ugebueden, e mat an d'Stad matzehuelen.

Ma virdrun huet den eeleren Här d'Police awer natierlech schonn informéiert, sou dass d'Beamten de Won an der Bannestad ugehalen hunn an de jonke Mann, dee vu sengem Affer chaufféiert gouf, festgeholl gouf. Dësen hat, wéi et heescht, kee feste Wunnsëtz. Eng Enquête gouf lancéiert.