Ferrero bréngt vegan Nutella-Variant op de Marché

© AFP/Archiv/MARCO BERTORELLO
Déi vegan Versioun vun der beléifter Schockelasbotter wäert fir den Ufank nëmmen an Italien, a Frankräich an an der Belsch disponibel sinn.
D'Mëllechpolver gëtt fir déi vegan Nutella-Versioun aus der Ingredient-Lëscht gestrach a mat planzleche Produite wéi Pois-chiche oder Räissirop ersat, esou Ferrero. "Ëmmer méi Consommateurinnen a Consommateuren entscheede sech hautdesdaags dofir, Déiereproduiten ze reduzéieren oder z'evitéieren, sief et aus Grënn vun der Ernierung oder vum Liewensstil", heescht et an der Begrënnung vum Séissegkeeteproduzent.
Well d'Nutella-Crème "an engem Betrib hiergestallt gëtt, wou mat Mëllech verfuer gëtt", kënne Leit mat enger Mëllech-Eewäiss-Allergie déi vegan Variant leider och net genéissen.
Nutella gëtt et entretemps zanter 60 Joer a gëtt an 170 Länner op der Welt verkaf.