Joerzéngtelaang huet eng ofgeleeë japanesch Insel probéiert, en ageschleefte Raubdéier nees lasszeginn. An endlech ass et gelongen.

D'afrikanescht Raubdéier war am Kampf géint Gëftschlaangen op der Insel Amami Oshima ausgesat ginn. Mat fatale Suitten.

Enn de 70er Jore ware ronn 30 Mangusten op der Insel, déi zum Unesco-Weltnaturierwen zielt, ausgesat ginn. Si sollten dofir suergen, dass d'Populatioun vun den Habu-Schlaangen niddereg bleift. Dës Schlaange sinn eng déidlech Gefor fir Mënschen.

Déi Responsabel haten awer ee ganz wesentleche Punkt iwwersinn: d'Schlaange si virun allem nuetsaktiv, d'Mangusten awer just am Dag. Amplaz, dass d'Déieren déi gëfteg Schlaange gejot hunn, hu si léiwer déi do menacéiert Kanéngercher gefriess. D'Zuel vun Amami-Kanéngercher, déi just op 2 japaneschen Insele virkommen, ass drastesch zeréckgaangen. D'Zuel vun de Mangusten dogéint ass explodéiert.

Ënner anerem mat speziell dresséierte Spierhënn gouf jorelaang Juegd op d'Raubdéier gemaach. En Dënschdeg dunn huet d'Regierung endlech erkläert, dass ee Manguste-fräi wier.

Japan ass, oder war mat deem Problem net eleng. Weltwäit hu sech engem UN-Rapport no iwwer 37.000 ageschleeften Aarten breetgemaach. All Joer entseet doduerch e Schued vun iwwer 400 Milliarden Dollar.