D'Administratioun vu Roum denkt driwwer no, de Leit Entrée ze froen, wa se bei dee bekannten Trevi-Buer wëllen. Awer net, fir Suen domat ze maachen.

"Ech wier fir e begrenzten an zäitlech festgeluechten Zougang bei den Trevi-Buer", sot den Tourismus-Conseiller Alessandro Onorato. Méiglech wier zum Beispill e Reservéierungssystem, woubäi de Besuch fir Réimer gratis wier an Touristen e symboleschen Euro misste bezuelen.

Zil wier et deemno net, fir Suen domat ze maachen, ma den Undrang bei dat historescht Bauwierk ze begrenzen, sou nach den Onorato. Den am 18. Joerhonnert gebaute Buer gehéiert zu den am meeschte besichten touristeschen Attraktiounen zu Roum. Den Undrang ronderëm d'Barock-Bauwierk ass dacks esou grouss, dass ee mol knapp e kuerze Bléck drop werfe kann.

Entrée ze froen, wier awer lo mol just eng "éischt Iddi", nach hätt een näischt decidéiert, sot e Porte-parole vun der Administratioun. Et wier en "delikaten, schwierege Sujet", ma fréier oder spéider misst ee sech deem stellen. Den Tourismus zu Roum misst fir d'Stad a fir d'Ëmwelt méi acceptabel gestallt ginn.

Ma net just Roum huet mam Massentourismus ze kämpfen, och Venedeg huet dëst Joer Entrée fir Dagestouriste gefrot. Dat op Deeg, wou besonnesch vill lass ass an et wier lo mol just eng Testphas. Och a Spuenien ass de Massenundrang net méi gär gesinn. Op de Kanaren an op de Baleareninsele kënnt et ëmmer nees zu Protester géint déi enorm Touristemassen.