Vun hei huet een e wonnerbare Bléck iwwert den Dall
Fir déi Leit, déi d'Gewulls vun der Fouer net sou gär hunn, mee léiwer Rou an der Natur sichen, proposéiere mer en Tour op d'Musel.
Och wann den Henri Hengel als Meechtemer selwer nëmme rar hei op der Koeppchen ass, e weess vill driwwer. Zum Beispill firwat hei e Schutzpatréiner géint Wiederkatastrophe ganz wichteg ass.
Henri Hengel, President Syndicat d‘Initiative Wuermer:
"1855 war zu Wuermer eng Brandkatastroph. Dat war doduercher komm, well de Blëtz ageschloen hat. An dann hei ënnendrënner, an déi Haiser, dat ass um Knapp. An do wär alles verbrannt, an et ass de Paschtouer d'Monstranz an d'Kierch siche gaangen, an en ass domadder ronderëm Feier gaangen, an do sollt d'Feier dann zréckgaange sinn. An duerno sinn déi Wormer da richteg Donatus-Veréier ginn".
Se hunn ëm souguer eng Kapell gebaut, wann och relativ spéit. D'Gëlle Fra ass 1923 gebaut ginn, d'Kapell 1925.
Och déi am Krich gefall sinn, ginn hei uewe geéiert. Nieft der Kapell ass et awer den onvergiessleche Bléck iwwer déi ganz Uertschaft an d‘Musel, déi dës Plaz auszeechent, a vun anere bekannte Wäigéigenden am Ausland ofhieft.
Mam Auto däerf een allerdéngs net op d‘Koeppche fueren. Scho guer net wann ee virdru bei engem vun de ville Wënzer geschmaacht huet.
An der Gemeng Wuermer läit och déi schéin Uertschaft Éinen. Matzen dran de sougenannte Casinotuerm. 2005 huet d‘Gemeng d‘Gebai kaaft. Ëm 2020 gouf et renovéiert. An haut kënnen och Leit vu baussen sech an dësen historesche Maueren fir e puer Nuechten wéi richteg Miseler fillen. Buche kann een iwwer den Internetsite vun der Wuermer Gemeng.