E Mëttwoch geet d'Schueberfouer op en Enn. Dat no bal dräi Woche mat geschätzten zwou Millioune Visiteuren.

Et ass e Volleksfest, wat vill Lëtzebuerger op d'mannst eemol iwwert déi bal dräi Wochen an d'Stad zitt, sief et fir Gromperekichelcher, den traditionelle Fësch, eng Schneekegkeet, deen een oder anere Béier, d'Spiller oder eng Mëschung vun allem.