Thomas Hansen: "Auermécher sinn zu Onrecht als ausstierwend ugesinn"
Mam Opkomme vun de Quarz-Auere gouf am Beruff vum Auermécher an de 70er Jore keng Zukunft méi gesinn. Haut ass d’Nofro méi grouss wéi d’Offer.
Sief et um Handgelenk, un der Mauer oder am grousse Format un engem Kierchtuerm: Och an Zäite vu Smartphone an der Digitalisatioun sinn di mechanesch Aueren net vun der Bildfläch verschwonnen. De Wonsch, d’Zäit moossen ze kënnen, ass al. D’Entwécklung vun den éischte Sonnenaueren ëm 3000 viru Christus. iwwert d’Waasseraueren a Sandaueren hin zu de mechaneschen Aueren huet Joerdausende gedauert. An am 16. Joerhonnert huet sech dunn no an no d’Beruffsbild vum Auermécher entwéckelt.
Den Thomas Hansen schafft zanter 28 Joer zu Lëtzebuerg als Auermécher an huet zanter 6 Joer och säin eegenen Atelier. De Beruff vum Auermécher hätt haut net méi wierklech eppes mat der Hierstellung ze dinn, déi géif haut quasi exklusiv an de grousse Firme geschéien, erkläert hien. A sengem Alldag sti méi d’Reparatur, d’Maintenance an d’Restauréierung vun alen Aueren um Programm. Seng Leidenschaft fir Aueren huet en eréischt a sengem Maschinnebaustudium entdeckt, wéi e sech ëmmer méi fir d’Feimechanik interesséiert huet. Haut huet hie sech virun allem op grouss, antik a Vintage-Auere spezialiséiert.
“Die Faszination macht für mich einfach die Vielfältigkeit der Uhren und die damit einhergehende Abwechslung aus. Ich habe noch nie zweimal das gleiche Modell repariert”, seet den Auermécher Thomas Hansen.
Hutt dir een aussergewéinleche Beruff? Wa jo, mellt iech gäre bei magazin@rtl.lu