De Bilan vum President vun de Forainen ass zwee Deeg viru Schluss duerchaus positiv. D’Wieder hätt gréisstendeels matgespillt.

D’Fouer wier net fir näischt déi gréisste Kiermes an der Groussregioun an e grousst Familljefest. De Charel Hary, President vun der Associatioun vun de Forainen: “Et ware scho ganz vill Leit op der Fouer."

Keng gréisser Virfäll

Et hätt bis elo och nach keng gréisser Virfäll ginn, dorop wier een houfreg. D’Police wier permanent um Site gewiescht.

Fir de Fouermeeschter Laurent Schwaller vun der Stad Lëtzebuerg ass dës Editioun vun der Fouer och nees eng ganz gutt. Vun de Visiteuren hätt een der esouvill gehat wéi d’lescht Joer.

De Laurent Schwaller: "Ech mengen d'Neiheete si gutt ukomm. D'Klassiker si gutt ugeholl ginn. Mir kruten am Fong vill positive Feedback."

E Mëttwochowend ass Schluss

Nach bis e Mëttwochowend kann een en Tuer iwwer d’Fouer maachen. E Mëttwoch um 22 Auer ass dann dat grousst Freedefeier fir den Ofschloss.