Undrang op japaneschem Bierg Fuji geet zeréck

© Philip Fong / AFP
D'Aféierung vun engem Entréesticket fir de beléiftste Wanderwee op de japanesche Bierg Fuji huet der Regierung vun Tokio hiert Zil erreecht.
Den Donnéeë vum japaneschen Ëmweltministère no ass d'Zuel vun de Wanderer, déi dës Saison op de Mount Fuji gaange sinn, tëscht Ufank Juli an Ufank September ëm 14 Prozent erofgaangen.
Deemno hu just eng 178.000 Visiteuren den Opstig gewot, wat ganzer 22.000 manner si wéi dat Joer virdrun. Well d'Gedrécks an den Häng vum hellege Bierg an de leschte Joren ëmmer méi eropgaange war, haten d'Autoritéiten dëst Joer fir d'éischt Kéier en Entréesticket fir ëmgerechent ronn 13 Euro fir d'Benotze vum beléiftste Wanderwee agefouert an d'Zuel vun Dagesticketen op 4.000 limitéiert. Déi aner dräi Wanderweeër ware gratis bliwwen.
De Sommet vum Fuji, deen op ronn 3.776 Meter läit, ass de gréissten Deel vum Joer mat Schnéi bedeckt. Am Summer drécke sech d'Wanderer op de géien, fielsegen Häng vum Bierg. Vill Mënsche klamme souguer nuets op de Bierg, fir de Sonnenopgang vum Sommet aus kënnen ze kucken. D'Wander-Saison fir dëst Joer ass en Dënschdeg op en Enn gaangen.