Mat Bus, privatem Auto, Tram a souguer Taxi reesen déi knapp 3.000 Kandidaten an Experten op Chassieu, net wäit vu Lyon, op de Site vun der Eurexpo.

Ze spéit komme wëll keen, well um 11. September ass de Startschoss fir déi gréisste Meeschterschaft vun de Beruffer op der Welt gefall. Eréischt um 9 Auer sinn d’Diere fir de Public op an och hei kënnt et zu Trafic an Delaien. Vill Leit kënnen et net erwaarden, de Kandidate beim Schaffen nozekucken oder un engem – oder méi – vun de sëllege Workshops deelzehuelen, déi vun der franséischer Regierung, Industrie, an hire Partner organiséiert ginn.
Nervös dänzelen d'Kandidaten duerch d’Halen. Si all hu vill geschafft, fir hei kënnen ze sinn, fille sech mol gutt, mol manner gutt virbereet. An awer weess keen esou richteg, wat si erwaart.

Ënnert Applaus ginn déi jonk Kandidaten da vun hiren Experten an den Atelieren empfaangen. Et ass e Ritual, bei all WorldSkills-Competitioun, dat virun allem Respekt ausdréckt: Respekt virum jonke Mënsch, dee sech an de leschte Méint intensiv op dësen Challenge virbereet huet, Respekt virum Courage, fir sech hei op der Weltbün ze presentéieren a Respekt virun der Energie, déi si all mussen opbréngen, fir dës Aufgab ze meeschteren.

An der Reegel dierf all Kandidat moies e puer Minutte mat sengem Expert schwätzen, fir sech optimal op d’Missioun vum Dag virzebereeden. Et ass e fachlechen Austausch mat Astucen, wéi dëse Wénkel sollt geschnidde ginn oder dëse Code am sënnvollsten opgebaut ka ginn. Mee et ass och de moralesche Support, deen néideg ass, fir de mentale Stress duerchzestoen.
No der initialer Opreegung maache sech all d’Kandidaten, eis 9 jonk Lëtzebuerger inclus, un hir Aarbecht.

Zu hirer Ënnerstëtzung ass nieft den Experten natierlech och eng Delegatioun vu WorldSkills Lëtzebuerg op der Plaz. Ma och de Lëtzebuerger Educatiounsministère ass vertrueden, ënnert anerem duerch den Tom Muller, Direkter vun der Formation professionnelle, dee sech a sengem Message direkt un eis jonk Ekipp riicht:

Tom Muller vum Educatiounsministère mat engem Message un d'Lëtzebuerger Ekipp

Am Laf vum Dag sinn et dann dausende Visiteuren, déi d’Hale besichen an allerhand Neies entdecken. Agedeelt ass de Site dobäi a 6 Kategorien, déi sech thematesch a faarflech vuneneen ofhiewen. Am hellbloen Deel, dee fir de Beräich vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologië reservéiert ass, huet sech de Michel Reyter e Mëttwoch net ze vill aus der Rou brénge gelooss.

"Et ass schonn e wéineg wéi erwaart, mee awer och e komplett anere Kaliber wéi d’LuxSkills", fënnt de Michel, dee fir Lëtzebuerg am Beräich vun der Cybersecurity untrëtt. "Eis Kabinn ass e wéineg enk an déi vill Leit déi nokucke kommen, si schonn eng Distraktioun, mee mat deem, wat mir geléiert hunn a scho kannt hunn, ass et awer gutt gaangen."

Och de Sébastien Fohr, deen um Concours niewendrun an de Web-Technologies untrëtt, ass gréisstendeels zefridden: "Et ass schonn eng grouss Hektik dohannert a wéi et bis ugefaangen huet, war et scho stresseg, mee ech hu mäi Bescht ginn. Bei esou engem Concours muss ee kucken, datt ee sech andeelt, mee zum Schluss huet alles gutt geklappt". Impressionéiert ass hie vum héijen Niveau vum Concours: "Alles ass professionell gemaach. Et mierkt een, datt et en immens héijen Niveau ass, et mierkt een, datt déi Bescht aus all Land hei sinn. Den Niveau u Wëssen ass beandrockend."
 
De Kontakt mat hire Rivale fält béide relativ liicht. Sébastien: "Icebreaker ass d’Austausche vun de Pins, doriwwer kënnt een direkt an d’Gespréich. Et ass ganz interessant, wann d’Leit vun hirem Land schwätzen an ech hunn och scho Kolleege gemaach."

De Michel stëmmt zou: "Mir verstinn eis immens gutt mat den anere Kandidaten. Mir schwätzen alleguer Englesch, dofir ass dat mat de Sproochen och guer kee Problem."
 
No dësem ustrengenden éischten Dag maache sech d’Kandidaten op de Wee zeréck an den Hotel. Hir Experten dogéint bleiwe méi laang: si mussen elo evaluéieren a bewäerten.

WorldSkills 2024 zu Lyon: Impressioune vum 1. Dag
E puer Impressioune vum 1. Competitiounsdag vun de WorldSkills 2024 zu Lyon kënnt Dir Iech hei ukucken.