Mat Suedelen a Reit-Ausrëschtung huet si ugefaangen, haut mécht d'Martine Guy och Poschen, Rimmer an aner Liederproduiten.

Schonn an der Steenzäit hunn d'Mënschen ugefaangen, aus der Haut vu gejoten Déiere Lieder hierzestellen an doraus zum Beispill Kleedung an Zelter ze bitzen. D’Hierstelle vu Poschen, Rimmer a Reit-Ausrëschtung huet sech am Mëttelalter zum Beruff vum Suedler entwéckelt. Dëse Beruff gëtt et bis haut, och wann ëmmer manner Leit en nach als Handwierk ausüben.

D’Martine Guy ass zanter 27 Joer Suedlerin. Eegenen Aussoen no déi eenzeg zu Lëtzebuerg, déi nach alles vun Hand mécht: Vu Rimmer a Portmonnien hin zu Poschen a Léngten. Nieft hiren eegene Kreatioune mécht si och Reparaturen a Produiten op Mooss. Dass et ëmmer manner Suedler géif, wier virop eisem Konsum geschëlt: Do géife Clienten dacks entweder geziilt op Marke-Produite goen oder am Kontrast dozou op méiglech bëlleg Artikelen. D’Qualitéit géif ze wéineg eng Roll spillen.

“Il y a une grosse partie de la profession qui est prise par les entreprises de luxe et dans les pays asiatiques des gens, qui travaillent pour pas grand chose avec des mauvais matériels. Entre les deux il pourrait y avoir plus d’artisans, qui travaillent comme moi, qui devraient se raisonner à faire un produit durable”, seet d’Martine Guy.

Hutt och Dir en aussergewéinleche Beruff, deen Dir eis gär weise géift? Wa jo, mellt Iech gäre per Mail u magazin@rtl.lu