Caroline Bach: Als Schaarschtechbotzerin an enger Männerdomaine
Si schaffe mat Zylinder a schwaarz verschmiertem Gesiicht op den Diecher a brénge Gléck. D'Bild vum Schaarschtechbotzer ass dacks romantiséiert.
Dass et Gléck bréngt, engem Schaarschtechbotzer un d’Schëller ze paken, ass eng Seechen, déi nach aus dem Mëttelalter kënnt. Deemools waren Hausbränn oder Erstéckungen duerch e verstoppte Kamäin nach méi gängeg. Wann d’Schaarschtechbotzer de Kamäi propper gemaach hunn, hu se also net just dofir gesuergt, dass d’Leit kachen an heize konnten, mä och zu hirer Sécherheet bäigedroen a sinn esou als "Glécksbrénger" ugesi ginn.
Den typesche Schaarschtechbotzerkostüm mam Zylinder gesäit een zu Lëtzebuerg just nach bei hirem traditionelle Besuch fir d'neit Joer. An Däitschland, wou d'Caroline Bach hir Ausbildung gemaach huet, ass de Kostüm allerdéngs weiderhin déi gängeg Schaffkleedung. Dovun ofgesinn, hätt de Beruff sech eleng an den 22 Joer, an deene si e praktizéiert, schonn däitlech verännert, erkläert d’Schaarschtechbotzerin. Déi modern Ofgasanlage géifen däitlech manner Knascht maachen a missten dofir manner dacks propper gemaach oder zum Deel esouguer just nach kontrolléiert ginn.
D’Schaarschtechbotze wier wuel nach d’Haaptaktivitéit, ma et wieren awer och weider Kontrollen, wéi déi vun de Lëftungsanlagen dobäikomm. Och op den Daach geklommen, géif just nach a ronn 20% vun den Asätz, well vill Systemer sech mëttlerweil och vun ënne botze loossen.
"Der Beruf ist eher eine Männerdomaine und soweit ich weiß, bin ich die einzige Frau, die in Luxemburg tätig ist. Anfangs waren die Leute schon skeptisch bei einer Frau, aber nach sovielen Jahren sind die Leute ganz froh, wenn eine Frau kommt”, seet d’Caroline Bach.
Hutt och Dir en aussergewéinleche Beruff, den Der eis gär weise géift? Wa jo, mellt Iech gäre per Mail u magazin@rtl.lu