E Mëttwoch ass d'Achterbunn "Blue Fire" am Europapark virun der éischter Montée hänke bliwwen.

Ewéi déi däitsch Noriichtenagence DPA mellt, houngen 20 Persoune wärend 40 Minutten an de Waggone fest, wärend dës liicht op d'Säit gekippt waren.

Passéiert war dat Ganzt géint 13 Auer. Ewéi e Spriecher vum Park matgedeelt huet, wieren d'Ween hänke bliwwen, well d'Bunn net genuch Energie gehat hätt. D'Ween hätten awer kéinten zeréckgefuer ginn an d'Leit hätte kéinten normal erausklammen. Et hätt zu kengem Ament eng Gefor fir d'Gäscht bestanen.

E Mëttwoch am Nomëtteg ass d'Bunn nees normal gefuer. Grond fir d'Pann wier, dass en Deel vun der Achterbunn, dat beim Start gebraucht gëtt "ze schwaach" gewiescht wier an hätt misse getosch ginn, esou e Spriecher vum Park.

Et war net deen éischte Probleem, deen et mat der Achterbunn gouf. Schonn am Abrëll hat d'Bunn eng Kéier net gepackt an d'Ween ware véier Mol zeréck gerullt.