Dann treffe si sech an engem vun den 8 Länner, fir sech auszetauschen an iwwer eventuell Problemer an der Apikultur ze diskutéieren.

Dës Kéier war et dann u Lëtzebuerg, fir dëse Kongress ze organiséieren.
 
Do gouf een da gewuer, dass Hunneg net gläich Hunneg ass. An der Schwäiz zum Beispill ginn et Beiestäck, déi op iwwer 2.000 Meter installéiert ginn. Wann d’Wieder gutt ass, ka bannent 14 Deeg Hunneg entstoen.
 
Den Hunneg aus Liechtenstein ass an deem Sënn speziell, dass een d'Fréijoer an de Summer erausschmaacht.
 
Si sinn nieft eisen Noperen, Südtirol, der Schwäiz an Éisträich vertrueden, fir sech hei um Kongress auszetauschen. Lëtzebuerg huet an de Kongress-Zenter op de Kierchbierg invitéiert an d'Alexandra Arendt, Presidentin vun der "Fédération des Unions d'apiculteurs du Grand-duché de Luxembourg" kuckt, dass alles riicht leeft.

RTL

E Kongress ganz am Zeeche vun der Hunnegbei. Vun neien Technologië fir de Schutz vun de Beievëlker iwwer Superfood bis bei Stänn, déi op d'Kraaft vun der Bei setzen. Do ass een dann an der sougenannter Apitherapie
 
Hei zu Lëtzebuerg zesummekommen, fir sech auszetauschen. Och dat wier e But vum Kongress. Déi 7 Presidenten aus de 7 anere Länner a Regioune si vun der Organisatioun begeeschtert a wëssen, déi sproochlech Gemeinsamkeeten ze schätzen, esou den Torsten Ellmann, President vum däitschen Imkerbund
 
“Bei uns läufts, wir verstehen uns, wir verstehen uns auch sprachlich und wir haben in den Ländern natürlich ähnliche Probleme und wir können von den Erfahrungen der Einzelnen doch sehr profitieren und das macht Spaß und der Austausch ist sehr eng und freundschaftlich.”
 
Déi nächst Editioun vum Imker Kongress ass 2026 zu Dresden.