Strikt Decisioun
Daagsiwwer ginn Junkfood-Reklamme op brittescher Tëlee verbueden
Domadder wëll d'Regierung zu London géint Fettleiwegkeet bei Mannerjärege virgoen.
Vum Oktober 2025 un dierfen op der brittescher Tëlee am Dag iwwer keng Reklamme méi fir Junkfood-Produite lafen. Domadder si Liewensmëttel mat héijem Fett-, Salz- oder Zockergehalt. Eréischt no 21 Auer dierfe nees op der Tëlee esou Reklamme gewise ginn, esou de brittesch Staatssekretär fir Gesondheet Andrew Gwynne. Online wäert et e komplett Verbuet fir esou Reklamme ginn.
Mat dësem Gesetz setzt déi nei sozialdemokratesch Regierung Pläng vun hire konservative Virgänger ëm. Den Johnson hat dëst Verbuet schonn am Juni 2021 annoncéiert.
Am meeschte gelies