E grousse Pompjeesasaz fir eng kleng Kaz

© CGDIS
En Donneschdeg gouf et fir d'Pompjeeë vum CGDIS en dann dach éischter ongewinnten Asaz. D'Affer war eng Kaz vun eréischt e puer Méint.
Déi kleng Kaz hat wuel en Ënnerdaach gesicht a sech dohier ënnert dem Kappo vun engem geparkten Auto verstoppt. Leider ass d'Déier stieche bliwwen an hat opgrond vum jonken Alter net wierklech Erfarung, fir sech aus sou enger blöder Lag selwer ze retten.
D'Pompjeeën déi op der Plaz waren, hunn net laang gezéckt an direkt gehandelt fir keng Zäit ze verléieren. Fir d'Rettungsaktioun sou sécher wéi méiglech ze gestallten, huet sech e Pompjee ënnert den Auto geluecht an en Deel vun der Protektioun ofmontéiert, fir esou gutt un déi kleng Kaz ze kommen an se aus hirer mësslecher Lag ze befreien.
Nom Asaz gouf dann natierlech och eng kleng Gruppefoto mam klengen Affer gemaach, fir dëse schlussendlech schéine Moment festzehalen.