Grouss Freed fir all Quetschefrënn: Zu Menster gëtt nees gebrutschelt
Et ass eng Traditioun, fir déi et Zäit a Gedold brauch. D‘Kache vum Quetschekraut. Zu Menster gëtt aktuell nees déi grouss Quetschekiermes preparéiert.
Se gëllt als ee vun de Markenzeeche ronderëm d‘Musel. D‘Quetsch. D‘Steefrucht ass net just beléift fir dran ze béissen (mat Virsiicht), oder flësseg als Drëpp. Ma och d‘Quetschekraut op der Schmier léisst esou muncher ee Moies zefridde schmunzelen.
Quetschekraut ass net gläich Quetschekraut. Dat weess och den Nico Walentiny. Zanter 5 Joerzéngte gëtt zu Menster fir d‘Quetschekiermes an dat ëmmer de leschte Sonndeg am September (dëst Joer den 29.) gebrutschelt. D‘Traditioun ronderëm d‘Quetschekraut geet am Duerf awer nach vill méi wäit zeréck, esou de Nico Walentiny dee sëlwer scho 50 Joer dobäi ass:
„Fréier hat bal all Stot seng eege Produktioun. Déi Zäit waren och hei am Duerf verschidde Kofferkesselen ënnerwee. Et hat kee säin eegenen, mee déi sinn ausgeléint gi vun Haus zu Haus. Am Hierscht huet da quasi all Haus säin eegent Quetschekraut gekacht. Dat kennt aus där Traditioun.“
Zesumme kommen, matenee schnëssen. Et geet drëm, eng Traditioun um Liewen ze behalen. 4 Tonne Quetsche gi generell fir esou e Fest gebrauch. Well d‘Recolte awer duerch de Klimawandel ëmmer méi onreegelméisseg gëtt an deels och d‘Benevoller beim Plécke feelen, ginn d‘Quetsche mëttlerweil dacks aus dem Ausland akaf.
D‘Kesselen an d‘Beweegungen haut sinn awer nach ëmmer déi nämmlecht ewéi viru 40 Joer. Am Schrëtttempo geet et ronderëm de Kofferkessel mat enger Zort hëlzener Forschett, datt och nëmme näischt ubrennt. D‘Christine Konsbruck ass schonn zanter 20 Joer fläisseg um réieren. E flotte Fitness-Exercice un der frëscher Loft: "
Am Ufank geet et am Fong ganz gutt, mee effektiv wat s de méi laang réiers, wat de et den Dag drop och méi spiers. Dat ass scho richteg.“
5 mol am Joer gëtt all kéiers mat 20 Leit gekacht. D‘Resultat: 400 Liter Quetschekraut den Dag, dat dann Enn September op der Kiermes oder op Mäert verkaf gëtt. D‘Produktioun zitt sech iwwert de ganzen Dag, erkläert den Nico Walentiny:
„Dat dauert dann awer schonn eng 5 Stonnen, bis datt mer den Zocker kënnen dra maachen. Da kommen nach emol 2 bis 3 Stonnen dobäi. Mir mussen ëmmer no der Konsistenz vum Produkt kucken. Mir kucken och ëmmer den Zockergehalt. Et kann ee soen, datt et 8 bis 10 Stonnen dauert, bis datt Quetschekraut duerno am Glas ass.“
De Flëssegkeetstest huet d‘Kraut de Weekend emol bestanen. An d‘Endresultat léisst sech weisen: 80% Quetschen, 15 bis 20% Zocker. Keng Konservéierungsmëttel – an awer kann een d‘Kraut vu Menster och e puer Joer stockéieren.
Mee si mer emol éierlech, esou laang ka sech jo kee Quetschefrënd zeréckhalen.