Um leschten Dag hunn d'Lëtzebuerger Kandidaten nach eng Kéier alles ginn

© WorldSkills Luxembourg
Um leschten Dag vun de Competitiounen op de WorldSkills zu Lyon hunn d'Lëtzebuerger Kandidaten nach eng Kéier alles aus sech erausgeholl.
Véier ustrengend Deeg leien elo hannert hinnen. E Samschdeg ass d'Weltmeeschterschaft vun de Beruffer op en Enn gaangen, an an de leschte Minutten ass bei jidderengem nach eemol de Stresslevel gutt geklommen. Kuerz viru Schluss versammele sech Mënschegruppen ronderëm de Competitiounsberäich an zielen haart déi lescht Sekonnen erof. “Three! Two! One!”, duerno gëtt geklappt, gesongen, sech ëmäermelt, an déi ganz Uspanung vun dëser Woch fält endlech of. Dëse Moment gehéiert eleng de Kandidaten, déi iwwert sech erausgaange sinn, fir hiert Land hei op der Weltmeeschterschaft a Frankräich ze vertrieden.
De Concours an der Hotelsreceptioun ass eréischt géint 18 Auer owes ofgeschloss ginn. Hei huet eis Kandidatin Laurence Bley sech missen an engem Speed Challenge beweisen: bannent zéng Minutten hunn esouvill Gäscht ewéi méiglech missen agecheckt ginn.
Déi komplett Lëtzebuerger Delegatioun huet et sech dofir net huele gelooss, hatt dobäi unzefeieren.
Ewéi et fir eis néng Kandidaten ausgaangen ass, weist sech e Sonndegowend op der grousser Ofschlosszeremonie am Groupama Stadium zu Lyon, wou fir all Beruff Gold, Sëlwer-, Bronze- an d’Exzellenzmedaile verdeelt ginn. Fir de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, zielt d’Lëtzebuerger Ekipp awer och elo schonn zu de Gewënner:
E Méindeg fannt Dir hei natierlech d’Resultater an d’Impressioune vun der Ofschlossfeier. Bis dohi kënnt Dir Iech mat eisem Video en Androck vum véierten a leschten Dag op de WorldSkills zu Lyon verschafen: