Den Naturmusée huet wéi all Joers op säin Natur-Musée-Fest invitéiert an intresséiert Gäscht mat 28 speziellen Atelieren empfaangen.

Extra op dësem Dag konnt een am Haff vun der Abtei Neimënster zum Beispill entdecken, wéi déi richteg Sonn vun noem ausgesäit, wat et mam Lëtzebuerger Sandsteen op sech huet, mee och nach, wat fir Gräifvigel et uechtert d’Land gëtt. Besonnesch d’Kanner krute vill gebueden, ma et wier ee kee renge Kannermusée, erkläert d’Monique Kirsch vum Naturmusée. Et wéilt een och weisen, dass ee vill an der Fuerschung aktiv ass. D’Fest wier als Green-Event opgezunn, soudass d’Iess-an Drénkwuere regional ausgewielt wieren, ausserdeem hätt een zum Beispill och keng Flyere gedréckt, fir den Impakt op d’Ëmwelt kleng ze halen.

Nieft den Ateliere konnten d’Visiteuren och hannert d’Kulisse vum Musée kucken, zum Beispill an d’Paleontologie. Dass e Fossil nämlech an enger Vitrinn ze bestaunen ass, ass net selbstverständlech. 98 Prozent vun de verstengerte Planzen a Liewewiese kommen nämlech ni an de Musée. Si ginn an der Wëssenschaft gebraucht.

Dass dat scho fir déi Jéngst spannend ass, mierkt ee bei der Visitt séier. Si kenne sech bal am beschte mat de Fossilien aus. "Mir hu vill Leit, déi schonn eng Virbildung hunn. Dat ass natierlech flott, da kritt ee méi en intensiven Echange", freet sech de Paleontolog Ben Thuy.

D’Konzept vum Fest schéngt bei de Visiteure gutt unzekommen, op alle Fall war de Musée schonn am fréien Nomëtteg mam Undrang zefridden.