Vum 3. September bis leschte Sonndeg war op der franséischer Insel Korsika d'AIDA-Weltmeeschterschaft am Fräitauchen, och nach d’Apnoetauche genannt.

Dorënner versteet een d’Tauchen ouni Taucherausrüstung. A verschiddenen Disziplinnen trieden d’Sportler géinteneen un an erreechen dobäi spektakulär Déiften. Virun e puer Deeg gouf souguer en neie Weltrekord opgestallt. Den Alexey Molchanov ass 125 Meter déif getaucht. Hien trëtt als international onofhängege Sportler an der Disziplin un, an där ee mat zwou Flossen schwëmmt (CWTB Constant weight bi-fins).
 

Zwou Flossen, keng Tauchausrüstung, een Otemzuch 

Zanter 2023 läit de Weltrekord bei 124 Meter – och dee Rekord gouf schonn vum Alexey Molchanov opgestallt. Elo konnt en nach 1 Meter méi déif tauchen an dat obwuel d’Wiederkonditiounen op Korsika Mëtt September net ideal gewiescht wären:

“D’Temperaturënnerscheeder an den Déiften si grouss. Et  war vill méi kal wéi soss. Dat heescht, d’Keelt an d’Däischtert waren déi gréissten Erausfuerderungen haut”, erkläert den Apnoesportler.

 

Passioun Apnoetauchen zu Lëtzebuerg 

Ab enger gewësser Déift gëtt een net méi eropgezunn, mee geet automatesch erof. Och zu Lëtzebuerg ginn et begeeschtert Apnoesportler.

“Iergendwann eng Kéier mécht een d’Aen zou an da léisst ee sech einfach just nach falen an et genéisst een dat einfach just nach, wann een d’Waasser just nach spiert laanschtlafen. An et mierkt ee wéi den Drock op de Kierper ëmmer méi héich gëtt, wat awer net onangeneem ass”, esou beschreift den Olivier Buschmann, President vun de Freedivers Luxembourg d'Gefill wann een ënner Waasser ass an ëmmer méi déif ënner geet.

Virun 9 Joer huet hien déi éischte Kéier d’Sportart Fräitauchen ausprobéiert: “ Ech hunn dat Apnoetauchen ugefaangen, well et mech interesséiert huet, mee well ech och wollt mat bësse méi groussen Déieren ënner Waasser agéieren, ouni déi ganz Blubberen ze maachen.” 

Réischt virun zwou Wochen hat hien een Erliefnis, dat een esou séier net vergësst “Ech hat ëm déi 30 Delfinen, mat deenen ech konnt ronderëm schwammen an déi och mat engem agéiert hunn an déi een ugekuckt hunn. Déi sinn dann einfach op eemol do, wann een trainéiert. An op eemol kënnt eng ganz Grupp Delfinen laanscht, dat sinn natierlech Momenter, déi bleiwen hänken." 

Mëttlerweil ass hie selwer Instruktor a gëtt och reegelméisseg Kueren an der Coque, do kann ee bis 15 Meter tauchen oder hie fiert bis op Bréissel, do ginn et Basengen, déi bis 33 Meter déif ginn. Wat vu bausse ganz entspaant ausgesäit, setzt awer och eng grouss Konzentratioun vum Sportler viraus. Si léiere verschidden Techniken, fir engersäits d’Loft unhalen ze kënnen, den Drock vum Waasser ausgläichen ze kënnen, awer och d’Positionnement vum Kierper am Waasser spillt eng Roll.

Dobäi wär d'Loft unhalen guer net emol déi gréissten Erausfuerderung am Sport. Dat kéint ee ganz séier léieren an trainéieren. Den Alexey Molchanov huet fir säi Weltrekord 4 Minutten an 32 Sekonnen gebraucht. 125 Meter erof an duerno nees erop an dat alles a just engem Otemzuch.