Verschidde Lycéesschüler am Süde kréien en Donneschdeg e bëssen éischter fräi

Op Nofro hin huet den Educatiounsministère matgedeelt, datt d'Lycéeën zu Esch an zu Bieles hire Schüler en Donneschdeg e bësse méi fréi fräi kënne ginn.
Wéi et aus dem Ministère heescht, kënnt een domadder enger Demande vum TICE, déi de Schülertransport duerchféieren, no. Deemno géif den Tour de Luxembourg, sollten d'Schoulen esou ausgoen, wéi et virgesinn ass, zu enger gréisserer Perturbatioun am Schoultransport féieren.
D'Schüler wäerten en Donneschdeg alleguerte géint 12 Auer kënne fräi hunn, fir eben dës Problematik z'ëmgoen. Dem Ministère no huet dëst just wéineg Impakt op d'Schoulzäiten, well donneschdes mëttes keng Schoul wier. Déi genee Adaptatioune vum Schoultransport ginn awer vum TICE mat den eenzele Lycéeën ofgemaach, heescht et weider.
Betraff sinn de Lycée technique Lallange, de Lycée Guillaume Kroll, de Lycée Hubert Clement, de Lycée de Garçons Esch, de Lycée Belval an de Lycée privé Marie-Consolatrice.
D'Primärschoule wieren awer hei net betraff. Ausnam, esou schreift de Ministère, wier de Fondamental an der Gemeng Buerschent. Hei dierfen d'Schüler, wann den Tour de Luxembourg duerch d'Gemeng fiert, 15 Minutten éischter heemgoen.
Och zu Jonglënster dierfen d'Schülerinnen an d'Schüler en Donneschdeg éischter heemgoen. Fir d'Primärschoul ass um 11.15 Auer Schluss a fir de Lycée um 11.35 Auer.