Hugo Pillevesse: Als Uergelbauer huet een 30 Beruffer an engem
D’Uergel ass net just dat gréisst Museksinstrument, ma och dat mam gréissten Tounspektrum. Den Neibau vun enger Uergel ka bis zu zwee Joer daueren.
Schonn an der Antik – ëm déi 250 viru Christus – goufen éischt Instrumenter konstruéiert, déi enger Uergel gläichen. Virun allem am Barock an an der Romantik huet sech d’Uergel zu hirer haut bekannter Form entwéckelt. Zanter 2017 sinn d’Uergelmusek an den Uergelbau esouguer vun der UNESCO als immateriell Kulturierwen unerkannt. Zu Lëtzebuerg gëtt de Beruff vum Uergelbauer just nach vereenzelt praktizéiert: Déi eenzeg Uergelbaufirma huet hiren Atelier zu Clierf a produzéiert a restauréiert Uergele queesch uechter d’Welt.
Den Hugo Pillevesse schafft zanter 9 Joer als Uergelbauer an erkläert, dass de Beruff quasi 30 verschidde Beruffer ëmfaasst: Vum Holzaarbechter, iwwert den Elektriker hin zum Harmonist. Well een ni all d’Beruffer a Perfektioun ausübe kann, fënnt jidderee säi Beräich, an dem e sech spezialiséiert. Am Géigesaz zu eisen Nopeschlänner ass de Beruff zu Lëtzebuerg bis ewell net unerkannt, et kënnen also keng Uergelbauer hei ausgebilt ginn.
“Beim Bau einer Orgel sind alle Schritte sehr wichtig. Alles muss perfekt sein. Wenn jemand die Traktur nicht genau baut, macht das das Tastengefühl für den Musiker kaputt. Wenn die Pfeifen schlecht gebaut sind, kann man sie nicht richtig stimmen. Das Tastengefühl, das Ohrengefühl und das Augengefühl: Alles muss perfekt sein.”
Hutt och Dir en aussergewéinleche Beruff, den Der eis gär weise géift? Wa jo, mellt Iech gäre bei magazin@rtl.lu