D'Münchener Oktoberfest ass offiziell lancéiert

© AFP/Kirill KUDRYAVTSEV
Pünktlech zur Mëttesstonn huet et e Samschdeg scho fir déi 189. Kéier geheescht: "O'zaft is'!"
Den traditionellen Ustéch vum éischte Béierfaass duerft op dëser Wiesn de Münchener Oberbürgermeister Dieter Reiter (SPD) maachen. No nëmmen zwee Schléi mam Hummer ass de Béier gefloss. Déi éischt Mass vum 189. Oktoberfest goung un de bayresche Ministerpresident Markus Söder vun der CSU.
Iwwert déi nächst 16 Deeg gëtt an der bayrescher Landeshaaptstad nees eent vun de weltwäit gréisste Volleksfester ofgehalen. D'lescht Joer konnt d'Wiesn mat 7,2 Millioune Visiteuren nees een neie Rekord opstellen.
Dëst Joer läit d'Sécherheet besonnesch am Fokus vun den Organisateuren, dat notamment no der déidlecher Messerattack vu Solingen. Fir déi éischte Kéier komme Metalldetekteren op der Wiesn an den Asaz an och d'Zuel vun de Sécherheetsleit gouf am verglach zu de Virjoren eropgesat. D'Police huet versprach, datt d'Oktoberfest mat sengem Sécherheetskonzept dat sécherste Volleksfest an Däitschland wier.