RTL a BCE preparéieren Iwwerdroung vu Poopst-Visitt
En Donneschdeg kënnt de Poopst François op Lëtzebuerg. RTL iwwerdréit d'Visitt vum Chef vun der kathoulescher Kierch um Internet, dem Radio an der Tëlee.
Zanter e Sonndeg den Owend ginn déi technesch Installatioune fir d'Iwwerdroung en place gesat. Ronn 120 Leit an eng 50 Kamerae sinn en Donneschdeg virgesinn. Souwuel an der Kathedral, am Palais ewéi am Cercle lafen d'Preparatiounen. Zeg Kilometer Kabele verleeën, Kameraen installéieren an déi zwee Regie-Camione prett maachen. Bis e Mëttwochowend ginn dann nach verschidde Prouwen duerchgefouert.
De SIP, de Service Information et Presse, huet RTL den Optrag ginn, sech em d'Iwwerdroung ze këmmeren.
Souwuel um Internetsite RTL.lu, op Radio Lëtzebuerg an op RTL Télé verpasst Dir en Donneschdeg näischt vun der Poopst-Visitt zu Lëtzebuerg.