Zwou Fraen aus Spuenien hu Plainte gemaach, well si engem falsche Brad Pitt honnertdausenden Euro ginn hunn.

Déi spuenesch Guardia Civil ermëttelt elo géint fënneft Verdächteger, déi mat dëser Masch sollen ze dinn hunn. Der Police no hu si sech als den Hollywood-Acteur ausginn, an zwou Frae bedrunn, dat fir ronn 325.000 Euro. Iwwert eng Internetsäit fir Fans vum Brad Pitt hunn d'Männer Kontakt mat de Fraen opgeholl an hinnen eng "sentimental Bezéiung" virgetäuscht.

An dëse Gespréicher hunn déi Onéierlech d'Fraen dozou bruecht, fir Suen a Projete vum falsche Brad Pitt ze investéieren, déi guer net existéieren. Eng Fra aus Andalusien huet 175.000 Euro esou verluer, eng aus dem Baskeland 150.000 Euro.

D'Police konnt d'Männer verhaften a ronn 85.000 Euro sécherstellen.