D'Plagen op Mallorca ginn ëmmer méi kleng, de Sand verschwënnt. Och aner Regioune si betraff. Zu Palma huet een elo reagéiert a Moossnamen annoncéiert.

An déi wäerten den Touriste wuel manner gefalen, wann ee bedenkt, dass dëst Joer och schonn e puer Mol a Spunien an och op der beléifter Vakanzeninsel Mallorca géint de Massentourismus an iwwerfëllte Plagen demonstréiert gouf.

D'Gemeng zu Palma, zu deem och d'Ballermann-Héichbuerg S'Arenal gehéiert, huet ugekënnegt, de kommende Summer manner Ligestill op am Ganze 5 vun hire Plagen zur Verfügung ze stellen. Déi betraffe Gebidder wieren immens kritiséiert, well se ze staark bebaut sinn. Net just Awunner, och vill Touristen hu sech beklot, dass d'Plagen "iwwerbeluecht" wieren. Donieft kéim dobäi, dass de Sand lues a lues verschwënnt, d'Sandflächen deemno ëmmer méi kleng ginn.

Déi aktuell Lizenze fir d'Ubidder wiere viru Joerzéngten ausgeschafft ginn, zu enger Zäit, wéi d'Plagen op Palma nach däitlech méi grouss waren, sou d'Mercedes Celeste, Porte-parole vun der Gemeng Palma an zoustänneg fir d'Finanzen. Haut hätt een eng "komplett aner Küstelinn wéi virun 10, 20 oder 30 Joer. "Et gëtt einfach manner Sand wéi fréier."

D'Gemeng Palma hätt d'Kriticken eescht geholl a géif elo versichen, de Problem ze léisen. Et gouf deemno schonn nei Ausschreiwunge fir d'Ligestill, "op Grondlag vun der aktueller Küstelinn". Donieft sollen d'Zougäng zu de Plagë besser amenagéiert ginn.

Ma net just zu Palma ginn d'Plagë méi kleng, de Phenomen vum sougenannte Strandstierwe stellt een och op anere Plaze fest. An do kéim de Problem vun der Bebauung an d'Spill, gekoppelt mam Klimawandel.

Experte gesinn als Ursaach vum Plageréckgang, dass un de Küsten direkt bis vir bei d'Plage gebaut gëtt. Dünen, déi virun der Loft schützen an esou dofir suergen, dass de Sand net an d'Mier geblose gëtt, verschwannen dacks. Bei enger natierlecher Uferlinn géifen d'Plage sech nämlech anescht verhalen: de Sand wandert lues a lues a Richtung Land. Dat wier bei der aktuell Situatioun net méiglech.

"Natierlech bliwwe Stränn kënne sech méi liicht un de Klimawandel upassen, well se fäeg sinn, sech bei enger Hausse vum Mieresspigel zeréckzezéien an z'erhéijen." Dat seet d'Francesca Ribasvun der Universitéit Politècnica de Catalunya zu Barcelona. Ma wa Plagë sech wéinst dem ville Bëtong net méi ausdeenen, respektiv verschibe kënnen, da verschwanne se. Dass Dünen a Promenaden ëmgewandelt ginn, wier mat nach de gréisste Problem. Eng Plage wier net amstand sech unzepassen an domat geet dann och de Risiko vun Iwwerschwemmunge bei Stierm an d'Luucht.

Däischter Prognosen net just fir Europa

Net just a Spuenien, respektiv an Europa begéint een dem Problem. D'Stränn a Küsteregiounen a Kalifornien a  Florida souwéi an der Tierkei, Brasilien an och an Australien gi méi kleng. Grousse Facteur ass effektiv de Klimwandel an d'Hausse vum Mieresspigel. Doduerch kéinten "d'Hallschent vun de weltwäite Sandstränn bis zum Enn vum Joerhonnert verschwonne sinn". Dat geet aus enger Etüd ervir, déi an der Fachzäitschrëft "Nature Climate Change" verëffentlecht gouf.

D'Stad Barcelona schätzt, dass do all Joer 30.000 Kubikmeter Sand fortgeschwemmt ginn. Dat wieren iwwer 10 Prozent vum Gesamtbestand. Dat Eenzegt, wat do nach géing hëllefen, wier eng Renaturéierung. Den ursprénglechen Dünestystem misst nees hiergestallt ginn a wann néideg Promenaden ofgebaut ginn oder méi no hanne geréckelt ginn, heescht et weider vun Experten.