Sänger vu WM-Hymne "Wavin' Flag" wéinst sexueller Belästegung viru Geriicht

© AFP
Säi Lidd "Wavin' Flag" war d'inoffiziell Hymne vun der WM 2010 am Männer-Futtball a Südafrika.
Elo muss sech de somalesch-kanadesche Museker K'naan wéinst sexueller Belästegung viru Geriicht veräntweren. Hien huet sech, vertruede vu sengen Affekoten, fir onschëlleg erkläert. D'Virwërf bezéie sech op e Virfall aus dem Joer 2010 an der kanadescher Stad Quebec.
De Keinan Abdi Warsame, wéi hie mat biergerlechem Numm heescht, soll eng Fra an engem Hotelszëmmer sexuell ugegraff hunn, wéi hien am Kader vun engem Museksfestival an der Stad war. Dat presuméiert Affer hat am Mee 2022 eng Plainte gemaach. Eng éischt Unhéierung an deem Fall ass fir Abrëll 2025 virgesinn.
De Keinan ass 1978 an der somalescher Haaptstad Mogadischu op d'Welt komm. Am Alter vun 13 Joer ass hien a Kanada geflücht, wou hie mat Hëllef vun der Rap-Musek Englesch geléiert huet. Enn de 1990er Joren huet hien du seng eege Musekskarriär lancéiert a lieft antëscht zu New York.
"Wavin' Flag" gouf 2009 aus dem Album "Troubadour" verëffentlecht. D'Lidd gouf net just 2010 nom katastrophalen Äerdbiewen op Haiti fir benevole Zwecker mat de kanadesche Stars wéi Justin Biber an Drake nei opgeholl, et gouf och vu Coca-Cola wärend der WM a Südafrika als Reklamm-Hymne, awer mat enger méi lëschteger Versioun, benotzt. Dono gouf et méi roueg musikalesch, ma d'lescht Joer koum de K'naan dunn nees mat neier Musek. Donieft huet hie säin éischte Film als Realisateur gedréint. Säi Film "Mother Mother" gouf dëse Mount um Internationale Filmfestival zu Toronto presentéiert. Dës Woch krut hien och nach eng Auszeechnung fir de kulturellen Afloss vu "Wavin' Flag" op der Welt.