D'Meme- an d'KI-Biller-Communautéit op Héichtouren

Dat de Poopst zu Lëtzebuerg war, war e grousst Evenement. Dovunner profitéieren och verschidde Leit am Internet, fir op sech opmierksam ze maachen.
LetzAI: Et gesäit een e Peak bei groussen Evenementer
De Poopst mam Humpen am Grapp virum Palais an der Stad. Dëst Bild vu LetzAI gouf scho kuerz virun der Arrivée vum Hellege Papp an der Stad erstallt a publizéiert. Esou Biller komme bei de Leit gutt un, seet de Misch Strotz vu LetzAI. Et hätt ee gesinn, datt d'Béier-Bild vum Poopst op Reddit an op Facebook iwwerduerchschnëttlech gutt gelaf wieren. "E gutt gemaachent KI-Bild kann och am Marketing eppes bréngen", seet de Misch Strotz mam Bléck op déi Zuelen a verweist op d'Glas Béier, op deem kee Logo ze gesinn ass. Verschidden Entreprisen awer notzen LetzAI an d'Situatiounen, fir an de soziale Medien op sech opmierksam ze maachen.
Wa gréisser Evenementer hei am Land sinn awer och op anere Plazen op der Welt, mierkt een dat bei der Lëtzebuerger-Biller-Plattform. Duerch d'Futtball-EM, elo beim Poopst oder och duerch d'Ausso vum Donald Trump, datt zu Springfield Hënn a Kaze giess ginn, kann ee bei LetzAI e Peak gesinn. Et mierkt een, "datt méi Biller op der eegener Plattform, ma och an de soziale Medien optauchen, déi d'Leit bei eis gemaach hunn."
Et kënnt awer och emol vir, datt d'Leit mengen, datt real Fotoe vu LetzAI gemaach goufen. "Wou d'Noriicht koum, datt de Poopst en Espresso drénke geet, hunn Leit bei mir nogefrot, ob déi Biller vun eis sinn", esou de Misch Strotz.
E richtegt Bild oder eng Fake News?
Verschidde KI-generéiert Biller, déi mer fonnt hunn, erkennt een direkt op den éischte Bléck. Anerer, wéi dee virum Palais mam Humpen, gesäit däitlech méi real aus. Et gëllt also och hei opzepassen, datt een net all Foto, déi een am Internet fënnt, fir boer Mënz hëlt.

De Poopst war natierlech net am Saumur. Bei dësem Bild fält dat natierlech gutt op, mat enger méi performanter KI kéint dëst awer direkt ganz anescht ausgesinn.
Ob dësen Trend ugeschwat, datt Leit déi kënschtlech Intelligenz notzen, fir Fake News zu alle Situatiounen an d'Welt ze setzen, wéi ënner anerem den US-Walen oder de Kricher an der Ukrain oder am Noen Osten, seet de Misch Strotz, datt mer an enger Zäit liewen, wou een u sech all Bild, wat een am Internet gesäit a Fro stelle soll, bis ee bewise kritt, datt et echt ass. Fir e Fake ze maachen, brauch ee keng KI, e Bild just zum Deel weisen oder mat Schéier a Pech eng falsch Foto selwer manuell ze bastelen, ass och ouni Plattform oder Tool méiglech.
Fir de Misch Strotz, Matgrënner vu LetzAI, ass net d'Produktioun vun esou Biller de Problem. "Fir d'Plattform ass et wichteg a richteg, datt een kloer kennzeechent, datt e Bild vun enger KI erstallt gouf", seet den Entwéckler a verweist op d'Bild vum Poopst mam Béier, wou een de Logo kloer erkenne kann. Wa Leit awer dono Biller esou manipuléieren, datt een et net méi gesäit, a se als richteg an authentesch distribuéieren, entsteet de Problem.
Datt een op Plattforme wéi Facebook a villen aneren antëscht kann uginn, datt e Bild vun enger KI erstallt gouf, ass fir Cofondateur vu LetzAI e wichtege Schratt. Och, datt an d'EU un enger klorer KI-Legislatur schafft, déi an de Memberlänner ëmgesat wäert ginn, ass fir de Misch Strotz eminent, fir Abusen esou wäit wéi et geet ze verhënneren.
Net just AI-Biller, mä och traditionell Memes
Ma ronderëm d'Visitt vum Poopst goufen net just KI-Biller erstallt, mä och hu vill Leit méi oder manner witzeg Memes kreéiert. Dobäi sinn der Kreativitéit quasi keng Grenze gesat an et kann een déi méi oder manner witzeg Biller zu verschiddene Situatioune oder, och méiglech, zu de verschiddensten Aussoe vun enger Persoun erstellen.
Vu KI bis Memes: e puer Andréck vun der Visitt
Poopst JC II.

Lëtzebuerg méi deier wéi de Vatikan?
Stau-Evitéieren einfach gemaach
War et awer keen Espresso?
2 = 5 oder wéi?

Drénken a gudder Gesellschaft


Zwee Mann méi
Wunnen zu Lëtzebuerg
D'Hiel vun de Léiwen: Staatscheffen-Edition

Schéint Lëtzebuerger Wieder
Es regnet, Gott segnet...
E Meme, deen alles seet
Oder wat de Poopst sot, a klore Wierder:
Wat een alles zu Lëtzebuerg ka maachen
De Poopst ass gutt an der Belsch ukomm
