Mat Calisthenics mécht sech eng nei Trendsportaart zu Lëtzebuerg breet
Schéi vill Kraaft braucht een, wann ee sech u Staangen eropzitt, Positiounen esou laang wéi méiglech aushält oder esou vill wéi méiglech Pompele mécht.
D'Wuert "Calisthenics" kënnt aus dem griicheschen a setzt sech zesummen aus "kallos" (schéin) a "stheno" (staark).
De Sven Klensch ass, nieft senger eigentlecher Aarbecht, och Calisthenics-Coach. Hien huet een Trainerschäin a gëtt véier bis fënnef mol d’Woch Coursen an deem Sport, deen hie selwer virun ongeféier fënnef Joer fir sech entdeckt huet.
"An et gesäit een elo, wou ech awer zwee, dräi Joer dat maachen, scho richteg Resultater bei de Leit. Déi eng huelen of, déi aner gi méi staark.”
Enger Etüd aus dem Joer 2017 no, huet de Calisthenics-Sport ee positiven Impakt op d’Haltung, d’Kraaft a ka Fett reduzéieren.
Den Ursprong huet d’Sportaart an den USA, méi genee zu New York. Mëttlerweil ass en awer och am Rescht vun der Welt voll am Trend. Grad online ginn et vill Unhänger vum Sport. Verschidden Accounts, wéi déi vum Frank Medrano oder dem Demibagby, hunn iwwer 2 Millioune Follower.
Och zu Lëtzebuerg gëtt et eng ganz Partie passionéiert Calisthenics-Sportler. “Et ass um kommen. Et gesäit ee jo scho wéi eng Infrastrukturen een iwwerall do stoen huet. D’Gemenge maache vill”, esou de Sven Klensch. Dem Internetsite vu Calisthenics-parks.com no ginn et 38 Terrainen zu Lëtzebuerg.
Virun allem wärend der Pandemie hu vill Leit d’Calesthenics fir sech entdeckt.
“Do ass bëssen dee Boom komm, fir dobaussen ze trainéieren. D’Leit hate keng Salle de Gym wou si konnten higoen, keen Ekipement. An dat ass bëssen dat, wat de Calisthenics ausmécht. Do schafft ee mat sengem eegene Kierper. Et brauch ee wéineg oder quasi guer keen Ekipement. Et brauch ee sech néirens anzeschreiwen, et geet ee just raus.”, erzielt de Sven Klensch. Um Ufank huet hie virun allem senge Frënn Course ginn, lues a lues ass et ëmmer méi ginn. Mëttlerweil iwwerleet hie souguer een zweeten Trainer anzestellen.