Gléck am Ongléck hat e 50 Joer ale Mann an Nordrhein-Westfalen, dee säi gutt gefëllte Portmonni op enger Tankstell um Autosdaach leie gelooss.

De Mann hat e Méindeg just eng kleng Kaffispaus gemaach an déi wier nawell deier ginn. Nodeems hien nämlech nees op der däitscher A1 a Richtung Wuppertal war, huet et hannert him op eemol Sue gereent op der Autobunn. Hien hat säi Portmonni mat ronn 2.000 Euro Boergled dran um Daach vu sengem Auto leie gelooss ier e gefuer ass.
 
D'Schäiner waren iwwer e knappe Kilometer op der kompletter Autobunn verdeelt, sou d'Police Düsseldorf. Déi haten e gudde Reflex an hu fir e kuerze Moment béid Säite vun der Autobunn gespaart an d'Schäiner nees agesammelt.
 
De Mann krut quasi all seng Suen zeréck.