Neien Tourismusrekord a Spuenien dëse Summer
Waart Dir och ee vun den am Ganzen 21,8 Milliounen Touristen aus dem Ausland, déi dëse Summer a Spuenien an d'Vakanz waren?
Spuenien ass deemno och weiderhin immens beléift als Vakanzendestinatioun. Dat beleeën op d'mannst d'Zuelen, déi de Statistiksbüro vum Land e Mëttwoch publizéiert huet. Mat 21,8 Milliounen Touriste gouf dann och en neie Rekord opgestallt.
Souwuel am Juli wéi och am August sinn allkéiers 10,9 Millioune Gäscht aus dem Ausland ugereest. Dat ware 7,3 Prozent méi wéi d'lescht Joer, an dat war do schonn e Rekord.
Déi meeschten Touriste waren aus Groussbritannien (4,17 Millioune Mënschen), dono kënnt Frankräich, Däitschland an Italien. Am Laf vun den éischten aacht Méint waren et 64,8 Milliounen Touristen - och dat, en neie Rekord. Déi meescht Leit huet et an d'Regioun Katalounien gezunn, wou och déi beléifte Metropol Barcelona läit, souwéi op d'Balearesch Inselen an op d'Kanaren.
Spuenien huet mat de Suitte vum Massentourismus ze kämpfen an et kënnt ëmmer nees zu Protestaktiounen op besonnesch beléifte Plazen a sëllege spuenesche Regiounen. D'Awunner beschwéiere sech iwwer d'ugespaante Situatioun um Immobiliëmaart duerch d'Locatiounen un Touristen, d'Belaaschtung fir d'Ëmwelt, ze vill Kaméidi an d'ugespaanten Infrastruktur.
Spuenien ass no Frankräich déi zweetbeléiftste Vakanzendestinatioun op der Welt.