Zu Stockholm gouf en Donneschdeg de Moie bekannt, wien dëst Joer den Alternativen Nobelpräis kritt.

De sougenannten "Right Livelihood Award" wierdegt Engagementer fir Fridden, Mënscherechter, Gerechtegkeet an Nohaltegkeet, a geet dëst Joer un d’Organisatioun "Jugend géint Siidlungen".

Dëst ass eng palästinensesch Entitéit, déi Widderstand géint déi illegal israeelesch Siidlungspolitik leescht. Si kruten dëse Präis fir "hiren onermiddleche gewaltlose Widderstand géint déi illegal israeelesch Besatzung" esou wéi "d'Fërderung vu palästinensesche Biergerinitiative mat friddleche Mëttel".

Am Westjordanland, wat Israel zanter 1967 besat huet, liewen nieft den 2,8 Millioune Palästinenser ronn 475.000 Israeelien a Siidlungen, déi d'UN als "géint d'Vëlkerrecht" agestuuft huet. Nieft den offizielle Siidlunge ginn et och sougenannt "wëll" Siidlungen, déi ouni Geneemegung vun der israeelescher Regierung opgeriicht goufen.

Dernieft goufen och Aktivisten aus Mosambik, de Philippinnen an Australien priméiert. Déi nächst Woch ginn dann déi regulär Nobelpräisgewënner verdeelt.