Dräi Joerzéngte laang hunn Dausende Leit no der wäertvoller Skulptur a Frankräich gesicht. Et goufe scho Rumeuren iwwer Bedruch. Elo gouf d'Rätsel geléist.

An der Nuecht vum 23. Abrëll 1993 huet de Paul Régis Hauser, professionelle Rätsel-Ersteller, op enger geheimer Plaz iergendwou a Frankräich eng Skulptur vun enger Eil vergrueft. Wie se fanne sollt, gewënnt eng identesch Skulptur aus Gold - deemools geschätzte Wäert: 150.000 franséisch Frang.

Mat sengem Spill sollt hien eng vun de gréissten a leidenschaftlechste Schatzsichen op der Welt ausléisen. Dräi Joerzéngte laang hunn Dausende vu Leit no der "Chouette d'or" gesicht. Mat Metalldetektoren hu si Wisen, Felder an Dierfer ofgesicht. Verschiddener hu souguer op frieme Grondstécker Lächer gegruewen. Ee Mann huet souguer mat enger Piosch an der Entrée vun enger Bank dono gesicht.

An engem Buch, dat de 15. Mee erauskoum, huet den Hauser op 22 Säiten 11 Rätsele presentéiert, déi zesummen Hiweiser op d'Stopp liwweren. Ënnert anerem huet ee misse kartographesch Chifferen dekodéieren, historesch Uspillungen interpretéieren oder astronomesch Miessungen novollzéien. Iwwer 70.000 Exemplaire vum Buch huet den Hauser ënnert d'Leit kritt. An och iwwer eng Aart Internetsite huet hien de Begeeschterten ëmmer erëm Hiweiser ginn an op hir Froe geäntwert. Bis hien de 24. Abrëll 2009, op den Dag genee 16 Joer, nodeems hien d'Replik vergruewen hat, gestuerwen ass.

Nom Doud vum Régis Hauser war allerdéngs net gewosst, wéi et mat der Sich géing weidergoen. Zwar hat den Hauser bei engem Notaire e Bréif mat de Koordinaten hannerlooss, ma ëm dëse gouf et e jorelaange Rechtssträit mam Sculpteur vun der Eil-Figur. 2021 hat eng Dierwiechterin d'Stopp iwwerpréift an dat antëscht verrascht Déier duerch eng nei Replik ersat.

31 Joer sollt et schlussendlech daueren, bis d'Choutte d'or elo endlech fonnt gouf. "Mir confirméieren, datt d'Replik vun der gëllener Eil déi lescht Nuecht ausgegruewe gouf", huet ee vun den Organisateure vum Spill op hirem Internetsite geschriwwen. Wien dee gléckleche Gewënner ass a wou d'Eil da lo all déi Jore louch, goufen nach net matgedeelt.