Zu Köln gouf de Mound op 1.000 Quadratmeter nogebaut
D'LUNA zu Köln ass eng Mound-Simulatiounsanlag, déi kierzlech eréischt hir Diere fir d'Astronauten opgemaach huet.
Et erlaabt den Astronauten, wëssenschaftlech Experimenter ze maachen, fir herno am Weltall ze benotzen. D'LUNA-Hal ass e wäisse Wierfel vu baussen a vu bannen eng ganz grouss Hal mat Regolith um Buedem. E Sand, dee ganz änlech mam Mound-Sand ass. E ganz feine Sand, esou ass op Dausend Quadratmeter e Stéck vum Mound op der Äerd entstanen, mat Krateren a verschiddene Fielsen.
Do donieft erzielt de Raphaël Liégois eis och vu senger 6 Méint laanger Missioun op der ISS, déi hien elo d’nächst Joer untrëtt. Och deen zweete Belsch, deen op der ISS war, de Frank De Winne hu mer kennegeléiert. Wéi grouss den Interessi ass bei eis belschen Noperen huet d’Visitt vum belsche Kinnek Philippe gewisen. De Raphaël huet nämlech eng duebel Nationalitéit, déi Belsch an déi Lëtzebuergesch.