50 Joer SOS Villages d'Enfants Monde

Zanter 50 Joer gëtt et elo schonn SOS Villages d'Enfants Monde hei zu Lëtzebuerg an dat gëtt elo gefeiert mat engem grousse Concert an der Philharmonie.
Et hätt ee weltwäit schonn iwwer 500 Kannerdierfer gebaut a Lëtzebuerg wier e gudden Acteur um Terrain. Alles an allem ass d'Organisatioun an 130 Länner present an hëlleft virun allem Kanner a Jonken.
A well d'Organisatioun hei zu Lëtzebuerg dëst Joer e ronne Gebuertsdag feiert, huet ee sech och als Missioun ginn, de Fokus dëst Joer op Schoulprojeten ze setzen.
D'Organisatioun ënnerstëtzt och nëmme konkret Projeten, et weess een also genee, wou d'Geld hifléisst. Reegelméisseg sinn déi Responsabel um Terrain ënnerwee a gi sech d'Projeten ukucken. Ënnert anerem geet et Enn November an de Benin, ee vun den äermste Länner vun der Welt, an do ënnerstëtzt ee beispillsweis elengerzéiend Mammen. Dëse gräift een dann ënnert d'Äerm.
Gewënnspill
En Donneschden ass elo also e grousse private Gebuertsdagsconcert an der Philharmonie mam Pascal Schumacher a mam Pianist a Komponist Francesco Tristano, allebéid Lëtzebuerger Kënschtler. D'Organisatioun ass zu Lëtzebuerg elo also scho 50 Joer aktiv an an all deene Joren huet een och scho vill Projete konnte realiséieren. Wichteg ass de Responsabelen och, datt ee just konkret Projeten ënnerstëtzt, soumat wéisst een dann och genee wou d'Geld hifléisst.
Alles wat Dir maache musst, fir um Gewënnspill deelzehuelen, ass dës puer Froen beäntwerten.