Déi Lëtzebuerger hinduistesch Communautéit an Transe um "Durga Puja"
Bei dësem Fest steet d'Gëttin Durga an hir spektakuläre Victoire iwwer den Dämon Mahishasura am Mëttelpunkt.
Besonnesch an den ëstlechen indesche Staate wéi Westbengalen, awer och hei am Land ass dëst eent vun de gréissten hinduistesche Fester am Joer. D'Festlechkeete bestinn aus Gebieder, kulturellen Opféierungen, Musek, Danz a festleche Paraden. Durga Puja symboliséiert den Triumph vum Gudden iwwer dat Béist. D'Gëttin Durga gëtt dacks mat méi Äerm duergestallt, well all Aarm eng spezifesch Kraaft oder Waff symboliséiert.
Zu Lëtzebuerg ass déi indesch Gemeinschaft wesentlech gewuess, mat ronn 5.700 Inder Ugangs 2024. Dëst Joer gëtt Durga Puja vum 9. bis den 12. Oktober 2024 gefeiert an och dir kënnt all Owend bis e Sonndeg am Sall "Am Duerf" zu Izeg, vis-à-vis vun der Kierch Deel vun de Festivitéite sinn, wou dir och indesch Spezialitéite kënnt fannen, déi een normalerweis net sou am indesche Restaurant op der Kaart fënnt.