Fouss vun zanter 100 Joer vermësstem Alpinist fonnt

© Jimmy Chin
Den 8. Juni 1924 goufen den Andrew Irvine an den George Mallory fir d'lescht gesinn. De rezent entdeckte Fouss kéint hëllefen, en aalt Rätsel ze léisen.
Virun 100 Joer hunn déi zwee brittesch Alpinisten Andrew Irvine an George Mallory sech op de Wee op de Sommet vum Mount Everest gemaach. Ma déi zwee koumen ni zeréck. Elo soll eng Filmcrew vun “National Geographic” méiglecherweis stierflech Iwwerreschter vum Andrew Irvine fonnt hunn.
Méi genee huet d'Ekipp e Stiwwel um Rongbuk-Gletscher fonnt, an deem National Geographic no d'Iwwerreschter vun engem Fouss dra sinn. Bei enger méi grëndlecher Analys hunn d'Filmproduzenten eegenen Aussoen no eng Strëmp mat engem rouden Etikett mat der Opschrëft "A.C. Irvine" fonnt.

© Jimmy Chin
Waren de Mallory an den Irvine déi éischt Mënschen um Sommet?
1924 hat sech den Irvine zesumme mat sengem Landsmann Mallory op de Wee gemaach, fir op de Sommet vum 8.848 Meter héije Mount Everest ze klammen. Fir d'lescht ware si den 8. Juni 1924 e puer Honnert Meter ënnert dem Sommet gesi ginn, zanterhier ware si verschwonnen.

Op der leschter Foto vun de Biergsteiger, preparéieren den George Mallory (lénks) an den Andrew Irvine (riets) hiren Depart op de Sommet. / © Noel E. Odell/Royal Geographical Society via Getty Images
Dem George Mallory seng Läich gouf schonn 1999 fonnt, d'Schicksal vum Irvine war bis ewell onkloer. Bis haut gëtt doriwwer spekuléiert, ob den Irvine an de Mallory virun hirem Doud de Sommet erreecht hunn an domat bal dräi Joerzéngte virum Edmund Hillary an dem Tenzing Norgay waren, déi 1953 um Sommet stoungen an zanterhier als éischt Mënschen um Everest gëllen.
D'Entdeckung vum Irvine senge stierflechen Iwwerreschter kéint endlech déi "ganz Geschicht doriwwer erzielen, wat warscheinlech geschitt ass", sot eng vu sengen Niessen, d'Julie Summmers, National Geographic géigeniwwer. D'Familljemembere vum Irvine hunn iwwerdeem ugebueden, DNA-Prouwen ofzeginn, fir déi stierflech Iwwerreschter eendeiteg z'identifizéieren.
Den Irvine war 22 Joer al, wéi hien um Mount Everest verschwonnen ass. Hien an de Mallory hate sech um Moie vum 8. Juni 1924 op déi lescht Etapp vum Opstig op de Sommet gemaach. Am Nomëtteg goufe si vu Membere vun hirer Expeditioun fir d'lescht gesinn.

Den Andrew Irvine, och "Sandy" genannt, war 22 Joer al, wéi hien um Mount Everest verschwonnen ass. / © Mount Everest Foundation/Royal Geographical Society via Getty Images
Fotoapparat kéint Rätsel léisen
Den Andrew Irvine soll op sengem Wee op de Mount Everest eng Kamera dobäi gehat hunn. Géing dës fonnt ginn, kéint d'Rätsel ëm déi éischt Leit um Sommet vläicht geléist ginn: Experten hoffen op e fotografesche Beweis, datt den Irvine an de Mallory déi éischt ganz uewe waren. De Fotograf a Regisseur Jimmy Chin, deen zu der Ekipp vun National Geographic gehéiert, sot, d'Entdeckung vum Irvine sengem Fouss géing op d'mannst Sichgebitt fir de Fotoapparat agrenzen.
Zanter dem Ufank vun de Mount-Everest-Expeditiounen an den 20er Jore sinn iwwer 300 Mënschen um héchste Bierg vun der Welt ëm d'Liewe komm. Vill Läichen, déi jorelaang am déiwe Schnéi an a Gletscherspléck ageschneit waren, kommen duerch de Réckgang vum Äis duerch de Klimawandel elo zum Virschäin.