Fleegerin läscht eelere Mann, dee Feier gefaangen hat

© AFP/Archiv/STEFANIE LOOS
An engem Fleegeheem an Nordrhein-Westfalen huet eng Fleegerin engem eelere Bewunner warscheinlech d'Liewe gerett.
Dem 71 Joer ale Mann seng Kleeder haten e Freideg de Moien aus onbekannte Grënn Feier gefaangen. D'Fleegerin hat aus sengem Zëmmer d'Hëllefriff héieren an huet de Mann mam Feierläscher geläscht. Aner Fleeger hunn duerno Éischt Hëllef geleescht, ier de Mann mam Rettungshelikopter an d'Spidol koum.
Den eeleren Här gouf liewensgeféierlech blesséiert, wéi déi lokal Police e Freideg matgedeelt huet. Fënnef Fleeger - véier Fraen an ee Mann am Alter tëscht 28 an 58 Joer - goufen iwwerdeems duerch den Damp blesséiert. Och si koumen an d'Spidol. D'Kriminalpolice huet elo d'Ermëttlungen opgeholl.