Fënneft Editioun vum "Ford Mustang Meeting" zu Munneref
Déi fënneft Editioun vum "Ford Mustang Meeting", organiséiert vum "Ford Mustang Club Lëtzebuerg", war nees eng Kéier e grousse Succès.
Nöet manner ewéi 560 Mustangen, aus alle Generatiounen, waren um grouße Parking vun der Schoul an der Gemeng Munneref ausgestallt. Iwwer 10 verschidde Clibb aus Däitschland, Frankräich, der Belsch, Schwäiz an natierlech Lëtzebuerg ware bei sonnegem Hierscht-Wieder bei gudder Laun am Asaz.
Eng sëllege Verkafsstänn mat Mustang-Artikelen hunn hiert Geschäft opbléie gelooss. E Garagist vun Ettelbréck hat net manner ewéi eelef Autoen ënner engem risegen Zelt ausgestallt. Fir ze Iessen an ze drénke war zur gesuergt an op enger Bün ass live Country Musek gespillt ginn. Déi Responsabel vum 1990 gegrënnte Mustang-Club ware voll a ganz zefridden.