Et ass deen zweete Weekend am Oktober an domat den traditionelle Rendez-vous am Norde vum Land: De Veianer Nëssmaart.

Och dëst Joer hunn nees Dausende Visiteuren de Wee an d'Schlass-Stad fonnt.

Veianen ass d’Haaptstad vun den Hackernëss. Den Nëssmaart gëtt et mat Ënnerbriechungen elo schonn zanter 1935. Dee meeschte Succès schéngt d’Noss allerdéngs am flëssegen Zoustand ze hunn, jiddefalls gëtt et vun Nëssdrëpp iwwer Nësscrème, Nëssporto an Nëssgin eng grouss Selektioun. 42 Stänn sinn dëst Joer am Ganzen  dobäi, a verkafen esou zimmlech alles, wat een aus Nëss ka maachen: Vu Brout, iwwer Kuch bis Zoossissen, an dar alles aus regionaler Produktioun. Och dëst Joer hätt een nämlech keng Nëss misse bäikafe, freet sech de Jang Werthessen, Vizepresident vun der "Nëssmoort asbl".

Massen u Leit an Alkohol  sinn awer och ëmmer e Sécherheetsrisiko, ma hei wier Veianen  gutt preparéiert, mat engem Noutfallplang, deen iwwert d’Jore gewuess ass, wéi de Pascal Heinen, Chef vum CIS Vianden erkläert: "Mir kucken och, dass d’Stänn esou opgeriicht sinn, dass mir mat eise Gefierer problemlos duerchkommen , et ass eng Breet vun 3,50 Meter garantéiert. Dann hu mir d’Stänn och esou opgeriicht, dass et iwwerall Fluchtweeër gëtt, dass wann eppes geschitt, sech dee ganze Flux vu Leit awer ausdeene kann. Ouni Gefor, dass se gequëtscht oder erdréckt ginn, dass se awer fortkommen."

Nom Nëssmaart ass iwwerdeems virum Nëssmaart, a scho ganz geschwë geet fir d’Organisateure schonn nees d’Plangen un.