Zanter Generatioune rësele Kanner an Erwuessener hiert Iwwerraschungsee, an der Hoffnung rauszefannen, wat sech dra verstoppt.

Fir de 50. Gebuertsdag vum Iwwerraschungsee huet sech de Schockelasproduzent ee ganz besonnesche Kaddo afale gelooss, dee sech a munch engem Ee verstoppt.

50 Joer Iwwerraschungsee / vum Michèle Schons

Verstoppt goufe ganz speziell kleng Figuren.

Wien am Ee eng gëlle Kinderino-Figur fënnt, dee kann e Wow-Moment fir d'ganz Famill am Wäert vu 5.000 Euro gewannen. Genee 50 där Figure goufe verstoppt a wann een eng fënnt an de Code op der Websäit agëtt, kann ee säin individuelle Wonsch erfëllt kréien.